Serge Tonnar & Legotrip

Serge Tonnar:Gitar, Gesang

Eric Falchero:Tasten, Gesang

Rom Christnach:Bass, Gesang

Misch Feinen:Schlogezei, Gesang

De Serge Tonnar a säin Orchester Legotrip kommen dem Ländche kräfteg de Marsch blosen. Den Hämmelsmarsch. Dat ass den neien Danz dee weltwäit verbreet ass, méi wéi den Harlem Shake, et schwätzt just keen dervun. Et ass de Marsch vun enger Welt, wou e Krich am gaang ass, et awer just nach kengem opgefall ass, well ee keng Schëss héiert a keng Bomme gefall kommen. E Krich, wou d'Zaldoten net wëssen dass se Zaldote sinn, a wou et um Schluechtfeld no Chanel a Lacoste richt. An d'Resistenz, déi hei an do mol kuerz opflaamt, gëtt einfach ignoréiert oder diskreditéiert, op alle Fall ass se zimlech muechtlos, well d'Maschinn leeft einfach weider an en Enn vum Krich ass nach net a Siicht.

Ëm dëse Krich geet et am Serge sengen neien Texter vum Album "Hämmelsmarsch", awer och em aner kleng a grouss Kämpf, wéi déi kulturell Resistenz vun de Propheten am eegene Land ("Lokalmatador"), de Krämpche mam eegene Bobo ("'T deet sou wéi fir ech ze sinn") oder dem Brutzelen an der Mainstreamhell ("Den Hit op RTL"). Dëse lëschteg-makaberen Ofgesang geet musikalesch vum Marsch iwwert den Cha Cha Cha bis bei déi balkanesch Kläng aus dem ëstlechen Uelzechtdall. Dofir loosse Legotrip sech um Album, awer och op der Bühn, vun enger zerguttster Stroossefanfare begleede, déi hiresgläiche sicht, awer nach net fonnt huet.